Mer , Papp.lu, sin amgang eisen eegenen GTA RP Server opzebauen

Mer sinn amgangen een Lëtzebuergechen RP Server opbzebauen. Mer benotzen dofir den beschten alternative Launcher fir eis Rollespill erlewnis am Spill Grand Theft Auto V. Well dir beim Opbau dobäi sinn, dann komm bis lanscht an kuckt dir Iech et Live un.

Server:https://cfx.re/join/4xvbb9
Discord:https://discord.gg/kaE3MrSrCy

Kaart gëtt an 3 Sekteueren, Eislek, Zentrum an Süden, opgedeelt. All Sekteur kritt säin bestëmmten Beräich, wat genee wou ofleeft, kritt dir am Verlaaf vum Opbau matgedeelt.

Newsticker iwwer den Server

22.06.2022 Crosspiste

Mer hunn eng CROSSPISTE op den Server gesat. Dir kënnt do Quads an Buggys lounen.

15.6.2022 Update 0.1

Mer hunn déi Saachen wou um alen Server gutt geklappt hunn, rëm um neien Server agebaut.

14.6.2022 Mer starten een néien Server

Mer hunn duerch den alen Server vill Saachen geléiert an doduerch hunn mer eis entscheed een néien opzebauen an dat direkt mat engem flotten Template Server. Am alen Server waren ganz vill Bugs dran duerch Saachen déi mer ausprobéiert hunn.

23.05.2022 Nei Gebai fir den Mechaniker

Den Mecanicien krut een neit Gebai wou hien elo seng Aarbechten besser ausüben kann.

Et ass méi Platz do an Funktionalitéiten funktionéieren elo all.

22.5.2022 Police Auto + NPC + Hud fir Iessen an Drénken + Lizenzen

En néien Police Auto gouf dobäi gesat. Et ass een Comet am Policedesign.

Mer setzen elo no an no NPC op déi Platzen wou mer der nach brauchen. Hei am Beispill ass den Ausgang vun enger Garage, wou een den Auto wielen kann.

Mer hunn deen alen Hud fir Iessen an Drénken ogeschalt.

Mer hunn Lizenzen ugepasst. Fir een Auto ze kafen brauch een elo een Führerschäin an fir Waffen brauch een elo en Waffeschäin.

21.5.2022 Barbershop + GYM + Nei Shops (24/7, Tankstelle,…)

Et gouf een neien Barbershop installéiert mat engem NPC. Den Menu gesäit vill besser aus. Pret fir eng nei Frisur?

Dir hutt Iech goen geloos an gesitt net méi Fit aus? Dann kënnt dir elo um Vespucci Beach trainéieren.

Shops krutten een neien Design, an méi Artikel.

Déi zousätzlech Artikelen kënnen schon kaf ginn, awer nach net benotzt ginn.


17.5.2022 Bugfix Clotheshop

Mer haten den Problem dass Blips net méi ugewisen goufen, deen Feeler hunn mer elo behuewen.

16.5.2022 Bugfix Trunk & 24/7 Shops

Mer hunn e puer Bugs gefixed. Den Problem beim Trunk war, dass een Medikits net eriwwer konnt huelen. Am Shop konnt een just zäitweis akafen goen.
Déi 2 Problem goufen behuewen.

13.5.2022 Neien Kleedershop

Mer hunn een neien Kleedershop agebaut. Elo keeft een seng Kleeder beim NPC.

11.5.2022 Neien Server

Mer hunn een neien Server gelount. Den Server ass vill méi performant, sou dass mer nach méi Spiller invitéieren kënnen. Migratioun vum Server huet e bëssi gedauert, mee et war derwäert.

30.4.2022 Ambulance AI, Changementer beim Dout, Design Gedrënksautomat, Bank Overlay

Dir kënnt elo eng Ambulanze ruffen falls fir stierft. Dir muss als éischt den Chat opmaachen mat der Tast: „T“ an dono schreif dir an den chat „/help“. Dann kënnt eng Ambulanze mat engem NP gefuer, deen Iech reaniméiert.

Soubal mer genuch Spiller hunn an den Dispatch funktionéiert, wäert AI rausgeholl ginn

Astellung nom Dout / Respawn goufen och ugepasst. Wann een elo Stierft verléiert dir keng Suen, mee just nach är Waffen.

Mer hunn den Design vun den Gedränksautomaten geännert.

Mer hunn een neien Banksystem deen bei den ATMs sinn an iwwer den Handy verfügbar ass.

29.4.2022 Groussen Update

Munition kafen

Et kann een sech elo Munitioun an den Shops kafen. Et kann een se benotzen wann een eng Waff an der Hand huet.

Kofferraum Inventar an normalen Inventar op F2

Den Kofferraum vun engem kann elo als Inventar benotzt ginn. Dir musst no bei ärem Auto stoen an „Z“ drécken. Dir hutt elo mer „F2“- Tast deen gläichen Inventarsdesign wei beim Kofferraum Inventar.

Shop: Design vum Overlay huet sech geännert

Den Design vun den Shops huet sech geännert, wann dir „E“ dréckt kritt dir een flotten Overlay, wou dir Iech är Saachen kafen kënnt.

Speedcam

Mer hunn elo mol 7 SpeedCam-Radaren an der Staat opgebaut. Positiounen an Unzuel kann sech am Laf vun der Zäit änneren.

Kartingspiste

Um Flughafen hunn mer elo eng Kartingspiste mat engem flotten Lokal. Momentan kann een Geräter am Lokal nach net benotzen / Spillen

Mee d’Kartings kann een lounen 🙂

Del Perro Pier – Autoscooter

Loscht op eng Ronn Knuppautoen? Dann komm op den Del Perro Pier. Do erwaart dech eng grouss Knuppautopiste.

Tram & Zuch

Den öffentlech Transport gouf weider ausgebaut

Dëngschtzäit

Dëngschtzäit kann elo gebadge ginn. Dat kann een seng Schaffzäit untrieden oder ofschleissen

28.4.2022 Auto tanken, neien HUD fir den Character an den Speedometer

Elo muss een mat sengem Auto tanken goen. Et sinn puer Tankstellen op der Map fräigeschalt ginn, se sinn rout Markéiert, wou dir Tanken kënnt.

Apropos Auto, am Auto kann een sech elo ustrécken an Winkeren benotzen. Opgepasst, wann dir ugestréckt sidd, kënnt dir net aus dem Auto erausklammen. Et kléngt logesch, mee passéiert méi oft wéi een mengt. Autoen, wann se schnell genuch sinn, kënnen elo bis 300 km/h fueren.

Den Speedometer hunn mer nach e mol iwwerschafft, sou dass mer rëm een neien hunn, deen passend zum Hud vum Charakter ass. Kommt laanscht an kuckt Iech et un.

27.4.2022 Telefon VOIP, Gesprächsberäich, Auto Garage bei Disconnect

Een weider Owend wou mer flott an wichteg Features op den Server gesat hunn. Et kann een elo iwwer den Telefon och telefonéieren. Et war een risege Kampf fir dat un goen ze kréien. Mee mer sinn frou dass et elo klappt.
Den Gespréichsberäich kann een mat laang Y drécken auswielen an kritt een och säin Radius ugewisen.

Den virtuellen Abschlepper ass och elo online, well soubal een sech Disconnect, fléien Autoen an eng Garage. Mer hunn momentan nach den Problem, dass Modifikatiounen net um Auto bleiwen, wann en an Garage flitt.

26.4.2022 Speedometer, neien Intro, Logo am Spill, Auto zousperren

En neien Speedometer gouf installéiert. Deen huet vill méi Informatiounen wei deen virdrun.

Mer hunn elo een Intro-Screen, loggt Iech an an kuckt iech en un. Wei fann dir deen?

Den LX RP Logo fann dir elo uerwen an der Mëtt.

Et kann een elo seng eegen Autoen zousperren, sou dass keen en klauen kann.

21.4.2022 Neien Inventarmenu + Kaarten (ID Kaart, Führerschäin,…)

Et gëtt een neien Menü, wou mer och eis Kaarten stockéiert hunn. Sou kënnt dir den Führerschäin, ID Card oder … der Police zum Beispill weisen.

Den neien Menü ass méi iwwersichtlech an méi flott Design. Den Menü kënnt dir mat „F5“ opruffen.

20.4.2022 Map mat Postleitzuelen 

Mer hunn Postleitzuelen op Kaart gesat, sou dass een sech mat sengen Matspiller besser rëmfënnt.

Mer hunn schnell gemierkt, dass een sech just op grouss Punkten konnt treffen, wat den Nodeel ass, dass sech dann puer Gruppen op der nämmlechter Platz treffen.

Duerch Postleitzuelen  hunn mer dat vereinfacht.

19.4.2022 Update 0.1

Mer hunn een flotten Handy installéiert, mat dem mer aner Spiller uruffen oder Noriichten schécken kënnen. Een Telefonsbuch ass och dobäi. Virdefinéiert Apps fann dir am Menü-Beräich.

Fir den Social Media an Spill ze bréngen, hunn mer Twitter App um Handy installéiert.

Den Handy kann mat „F1“-Tast opgeruff ginn.

18.3.2022 Éischten Check

Den RP Server gouf mat enger Grupp vun 3 Léit getest, fir ze kucken wat feelt an wat verbessert kéint ginn.

17.3.2022 Start vum neien Server

Den RP Server gouf op engem lëtzebuergechen Server erstallt an mat der FIVEM Basis installéiert.

Kategorien: Gaming

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.