Eigentlech hat Sony keng Verbesserung bis 2024 ugekënnegt.

Jiddereen deen eng Playstation 5 besëtzt ka sech glécklech schätzen. Keng Konsol ass méi gefrot a gläichzäiteg sou schwéier ze kréien wéi PS5 – e puer Fans hunn et zanter méi wéi engem Joer probéiert PS5 an hir Hänn ze kréien. Zënter der Verëffentlechung am Joer 2020 ass se stänneg ausverkaaft well Sony mat der Chipkris kämpft. Gläichzäiteg hunn sech Persounen PS5 den „richtegen Fans“ bei den groussen Handelsketten gekroopt an hunn se fir dat duebelt op Plattformen wei Ebay verkaf, wat Fans richteg rosen gemaach huet.
Mä dëse Misär soll geschwënn eriwwer sinn, wéi de Sony CEO Jim Ryan den Investisseuren ugekënnegt huet. Senger Meenung no soll et geschwënn zu enger Entspanung an de Versuergungsketten kommen. „Saachen verbesseren sech definitiv,“ sot hien, trotz dem Coronavirus Lockdown a China. Den Grupp plangt scho. d’Produktioun eropzefueren, fir en „nach ni virdrun erreechten“ Produktiounsniveau z’erreechen.

Tatsächlech huet Sony och nach aner Geschäftspläng. Den Grupp wëll säi Fokus op PC a Smartphone Spiller ausbauen, verréit dem Ryan. Bis 2025 soll d’Hallschent vun alle Spiller um PC a Smartphone verfügbar sinn, déi aner Hallschent exklusiv op PS4 an PS5. Dëst soll d’Zuel vu Sony Spiller Spiller erhéijen, bericht „t3n“.
0 Kommentare