Sony huet Spiller virgestallt, déi am Mount Mee gratis am Playstation-Plus Abo intigréiert sinn.

Wann Dir en aktiven PlayStation Plus Kont hutt, kënnt Dir déi gratis Spiller aus dem PlayStation Store eroflueden. An dësem Artikel stellen mir Iech d’PS4 / PS5 Titelen vir, déi Sony offiziell bestätegt huet.
Am Mee kënnen PlayStation Plus Abonnente erëm op drài nei „gratis“ Spiller als Deel vum Service freeën. An der folgender Lëscht wäerte mir Iech soen ob et derwäert wier dësen Titelen eng Chance ze ginn.
- FIFA 22 (PS4/PS5)
- Curse of the Dead Gods (PS4)
- Tribes of Midgard (PS4/PS5)
Weideren gratis Inhalt: Abonnente kréien och zousätzlech exklusiv Inhalter. FIFA 22 huet en DLC Bonus Pack deen e Pro Starter’s Pack enthält (mat engem Spiller, den eng Bewäertung vun op d’mannst 82 huet) an dräi Superstar Spiller déi fënnef Matcher op Ärem FUT Kader matspille kënnen.
Wéini sinn d’PS Plus Spiller am Mee 2022 verfügbar?
Déi nei Spiller wäerten ab Dënschdeg dem 3. Mee 2022 am PS Store verfügbar sinn. Aktivatioun fënnt normalerweis géint Mëttes statt, also ëm 12 Auer.
0 Kommentare