Wéi et sech erausstellt, soll een neien Deel vum Need for Speed Franchise nach am dësem Joer verëffentlecht ginn. Firma Criterion ass responsabel fir d’Entwécklung. Wann een den Rumeuren gleewen kann, ass de Verëffentlechungsdatum fir November 2022 geplangt. Zousätzlech sollt den neien NFS Deel nëmmen op déi aktuell Konsolgeneratioune vu Sony a Microsoft verfügbar sinn.

EA huet Enn 2020 bestätegt datt Criterion un engem neie Need for Speed Spill schafft. D’Verëffentlechungsfënster, déi deemools erwäänt gouf, war tëscht Abrëll 2021 an Enn Mäerz 2022. Dëst gouf awer e bësse méi spéit iwwerschafft an déi geplangte Verëffentlechung gouf op 2023 ausgestallt. Hiren eegenen Aussoen no, war de Grond dofir d’Tatsaach, datt d’Entwéckler vu Criterion DICE sollen hëllefen, Battlefield 2042 ënner Kontroll ze kréien. Allerdéngs schéngt een hei an enger verlueren Positioun ze sinn. Viru kuerzem ass d’Fankritik eskaléiert nodeems den Entwéckler Andy McNamara behaapt huet datt d’Spillererwaardungen vum Shooter „brutal“ wieren. Elo awer, schéngt Criterion Need for Speed erem seng voll Opmierksamkeet ze ginn a schafft mat Héichdrock um neien Titel.
Detailer iwwer den neien Titel sinn nach net verfügbar. Vermeintlecht wäert den nächsten NFS zu Miami spillen. Informatioun iwwer Story gëtt et nach net . EA wäert méiglecherweis méi Detailer an den nächste Méint matdeelen.