D’Eltere si besuergt, datt hir Kanner un Pedophiller kënne geroden.

„Roblox“ ass en Online-Spill fir Kanner, dat d’Organisatioun PEGI ab 7 Joer recommandéiert. Am Spill, dat op engem Smartphone, PC oder Xbox One gespillt ka ginn, kënnen d’Spiller hir eege Mini-Spiller erstellen. Dëst ass fir d’Kreativitéit vun de Kanner ze encouragéieren. Sou wäit sou gutt. Mee leider vergräifen sech e puer Erwuessen am Spill.
E puer Benotzer vum Baustengspill benotzen d’Online-Spill fir hir sexuell Fantasie ze liewen a fir sech fi virtuellen Sex ze treffen. Dës Spiller ginn „Condos“ genannt. Och wann et Sécherheetsfunktiounen ginn fir Kanner ze schützen, ginn et e puer Benotzer déi alles maache wat se kënnen fir et ze ëmgoen.

De Larry Magid vun der Jugendschutz-ONG ConnectSafely schwätzt vun engem „Katz- a Mausspill“. Et ass déi gréissten Angscht vu villen Elteren, dass duerch d’Spill hir Kanner net jugendfräien Inhalt ausgesat ginn. Et fänkt mat zwee Stripper un, déi nieft enger Bar danzen. Iwwert e plakege Mann, dee vun enger Fra an engem Liederoutfit un enger Hondsléngt gefouert gëtt. Zu enger Koppel déi Sex virun de Leit huet. Larry Magid: „Et gi Leit, déi hiert Bescht ginn, fir de System ze ëmgoen“.
Déi besonnesch Angscht ass, datt Kanner am Kader vum Spill op Pedophiller treffen kéinten. Besonnesch déi integréiert Chatfunktioun bitt Ugrëffsfläch. D’Creatoren vu „Roblox“ sinn sech dem Problem bewosst a behaapten datt et eng Jugendschutzfunktioun gëtt. D’Eltere kënne wielen mat wiem hir Kanner kënne chatten. D’Roblox“ Bedreiwer sinn ëmmer hannendrun „Condo“ Spiller offline ze huelen. Mee net all Reegelverstouss gëtt direkt vun der manueller an automatescher Moderatioun erkannt.
D’Initiative SafeInternet empfeelt den betraffenen Elteren net nëmmen d’Sécherheetsfunktiounen ze notzen, mee och reegelméisseg mat hire Kanner iwwer d’Spill ze schwätzen an Interessi dran ze weisen. Dat gëllt fir all Online Spiller fir Kanner a Jugendlecher, well nëmmen esou kënnen d’Elteren en Abléck an hir Kanner hir virtuell Welt kréien.