Mer starten eisen eegenen Gaming Channel.

GTA V Roleplay

GTA RP (Roleplay) ass e Multiplayer Mod fir PC deen iwwer e modifizéierte Spillclient wéi FiveM oder Grand Theft Multiplayer zougänglech ka ginn. Et ass een Secondlife spill.

Mer hun eisen eegen Server:


Apex Legends

Apex Legends ass e gratis Battle Royale Spill entwéckelt vu Respawn Entertainment a publizéiert vun Electronic Arts. De Kader baséiert op dem Titanfall Universum.


FIFA

D’FIFA Serie ass eng Fussballsimulatiounsserie entwéckelt vun EA Canada a publizéiert ënner dem EA Sports Markennumm. Et existéiert zënter Enn 1993.


Fortnite

Fortnite ass e Co-op Survival Shooterm deen vu People Can Fly an Epic Games entwéckelt gouf an duerch e gratis, Battle-Royal-Genre baséierenden, Standalone-Modus., Fornite Batle Royal, seng Popularitéit kritt huet.


Call of Duty Warzone

Call of Duty Warzone ass de Battle Royale Spin-Off vum Call of Duty Modern Warfare. Am Plunder-Modus (Loot-Modus) ass d’Ziel fir déi meeschte Suen op der Kaart sou séier wéi méiglech ze sammelen, an dobäi Géigner ze eliminéiert fir hir Suen ze klauen .


Allez!

Mer waarden op dech!

Gaming-Blog

Lëtzebuerg Roleplay (LXRP)

Mer , Papp.lu, sin amgang eisen eegenen GTA RP Server opzebauen Mer sinn amgangen een Lëtzebuergechen RP Server opbzebauen. Mer benotzen dofir den beschten alternative Launcher fir eis Rollespill erlewnis am Spill Grand Theft Auto Weiterlesen…

Papp.lu Gaming

Mer bidden den Elteren eng Plattform fir mateneen online ze spillen. Egal op Shooter, Survival, VR, oder Simracing. Mer wëllen den Elteren d’Méiglechkeet ginn, och spontan mol zesummen mat aneren Elterendeeler ze spillen.

Schréift eis eng Mail

gaming@papp.lu oder iwwer den Formular

Kontaktéiert eis